spuenescher Moler, Graphiker, Sculptuer a Keramiker From Wikipedia, the free encyclopedia
De Joan Miró i Ferrà, gebuer den 20. Abrëll 1893 zu Barcelona, a gestuerwen de 25. Dezember 1983 zu Palma de Mallorca, war e spuenescher Moler, Graphiker, Sculptuer a Keramiker.
Joan Miró | |
---|---|
Pseudonym | Miro, Joan, la ferra |
Gebuer |
20. Abrëll 1893 Barcelona |
Gestuerwen |
25. Dezember 1983 Palma de Mallorca |
Nationalitéit | Spuenien |
Educatioun | Cercle artistique de Sant Lluc |
Aktivitéit | Moler, Lithograph, Keramiker, Sculpteur, Timberszeechner, Designer, Zeenograph, Graphiker, Textilkënschtlerin, visuelle Kënschtler |
Member vun | Royal Academy, American Academy of Arts and Sciences |
Dem Miró seng fréi Wierker bauen op der katalounescher Vollekskonscht op, a bauen op de Kubismus an de Fauvismus op. Déi éischt Hallschecht vun den 1920er Joren huet hien zu Paräis gelieft, a gouf do vum Dadaismus a Surrealismus inspiriéiert, sou datt seng Wierker ewell net méi figurativ waren.
Vun der Mëtt vun den 1950er Joren un huet hie sech méi mat Skulpture beschäftegt.
Säi Spéitwierk ass manner konsensuell; d'Serie Toiles brûlées z. B. war enginszeenéiert Zerstéierung, e Protest ggéint d'Kommerzialiséierung vun der Konscht an en Ausdrock vu senger Revendicatioun, d'"Molerei doutzemaachen".
1959 hat en zu New York am Museum of Modern Art eng grouss Retrospektiv. 1971 huet en d'Fundació Joan Miró zu Barcelona an d'Liewe geruff.
De Miró gehéiert zu de populäerste moderne Kënschtler vum 20. Joerhonnert. Bekannt gouf en duerch seng symbolesch gebrauchten einfach Formen (Sonn, Stär, A, Schleek, Stréchmännchen, ...) a Faarwen.
Hien huet eng Hellewull vu Wierker geschaf, dorënner 2000 Uelegmolereien, 500 Skulpturen, 400 Keramiken an eng 5000 Collagen an Zeechnungen. Vu senge Graphiken (am Ganzen 3500 verschiddener, dorënner Lithographien a Radéierungen, goufen déi meescht a klengen Oploe gedréckt.
Bekannt Logoe vun him sinn dee fir Spuenien a fir La Caixa. Hien huet ë. a. och e grousse Wandrelief (Mound- a Sonnemauer) fir de Sëtz vun der UNESCO zu Paräis gemaach.
Commons: Joan Miró – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.