Eng Skulptur ass en dräidimensionaalt kierperhaft Konschtwierk. Déi zwou traditionell Methode fir eng Skulptur hierzestellen sinn d'Schnëtzen oder d'Schloen, bei deem ee Material ewechhëlt (wéi zum Beispill bei Skulpturen, déi aus Holz geschnëtzt oder aus Steng geschloe ginn), an d'Modelléieren, bei deem Material zesummegesat gëtt (wéi bei enger Skulptur aus Leem). An der moderner Konscht besteet awer komplett Fräiheet wat d'Wiel vum Material oder de Prozesser ugeet (zum Beispill gëtt et och nach Schweessen, Goss...).
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Klassesch Skulpture stellen dacks Mënschen oder Gottheeten an anthropomorpher Gestalt duer. Dacks si Skulpturen aus Steen, nieft deenen aus Keramik, déi Konschtwierker vun anticke Kulturen, déi am Beschten erhale sinn.
Beispiller
- Eng klassesch Skulptur: dem Michelangelo säin David
- Les sacrifiés (1992), modern Skulptur vum Lucien Wercollier
- Le Marchand de Ploquettes vum Louis-Pierre Wagelmans
Um Spaweck
Commons: Skulptur – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.