![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/ec/Janet_Leigh_Publicity.jpg/640px-Janet_Leigh_Publicity.jpg&w=640&q=50)
Janet Leigh
US-amerikanesch Schauspillerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Janet Leigh, gebuer de 6. Juli 1927 als Jeanette Helen Morrison zu Merced a Kalifornien, a gestuerwen den 3. Oktober 2004 zu Beverly Hills, war eng US-amerikanesch Schauspillerin. Si huet an 63 Kino- an Tëleesfilmer matgespillt.
Janet Leigh | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Jeanette Helen Morrison |
Gebuer | 6. Juli 1927 |
Gestuerwen |
3. Oktober 2004 Beverly Hills |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | University of the Pacific |
Aktivitéit | Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Sänger, Schrëftsteller |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Bestuet mat | Tony Curtis |
Kanner | Kelly Curtis, Jamie Lee Curtis |
![]() |
D'Janet war eenzegt Kand vun engem Assurancenagent an Immobilienhändler. Si war véiermol bestuet: 1942 mam John Carlyle (annuléiert), mam Stanley Reames (1946-1948), 1951 mam Tony Curtis, vun deem se 1962 gescheet gouf; dann 1962 mam Robert Brandt bis zu hirem Doud. Si ass d'Mamm vun der Jamie Lee Curtis an der Kelly Curtis, zwou Filmschauspillerinnen.
Hir bekanntst Roll huet nëmme 45 Minutte gedauert, do war se schonn an der Dusch erstach: Dat war am Alfred Hitchcock sengem Psycho vun 1960. Si gouf nominéiert fir en Oscar a krut e Golden Globe. Duerno koum 1962 The Manchurian Candidate vum John Frankenheimer, e Film, deen nom Mord um President John Fitzgerald Kennedy direkt aus dem Verkéier gezu gouf, well d'Theema "Gehierwäsch" un US-amerikaneschen Zaldoten am Koreakrich, vill ze kriddeleg war.