Koreakrich
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Koreakrich ass de 25. Juni 1950 ausgebrach, tëscht op där enger Säit de kommunisteschen Truppe vun Nordkorea, déi vu China an der UdSSR ënnerstëtzt goufen, an op där anerer Säit den Truppe vu Südkorea, déi vun der UNO (virun allem den USA, mä awer och Lëtzebuerg) ënnerstëtzt goufen. E gëllt als den éischte militäresche Konflikt an der Zäit vum Kale Krich. 16 Natioune sinn 1950 a Korea geschéckt ginn an nach 5 Natiounen als Service Sanitaire. Spéitstens mam Agräife vun den USA war kloer, datt et sech ëm e sougenannte Stellvertriederkrich géif handelen. Déi zwou géigneresch Forcen hunn eent op d'anert de géignereschen Territoire eruewert, mä schlussendlech louch d'Front nees onverännert op der Ausgangspositioun. D'Waffestëllstandsofkommes vum 27. Juli 1953 huet d'Deelung dunn definitiv zementéiert.
Opgepasst : De Contenu vun dësem Artikel ass problematesch an ensprécht net dem Prinzip vun der Neutralitéit vun der Wikipedia. Fir datt en opgrond vu Polemik net eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |