US-amerikanesche Schauspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
Den James Francis Cagney, Jr. gebuer de 17. Juli 1899 zu New York City, a gestuerwen den 30. Mäerz 1986 zu Stanfordville, war en US-amerikanesche Schauspiller.
James Cagney | |
---|---|
Gebuertsnumm | James Francis Cagney |
Gebuer |
17. Juli 1899 Manhattan |
Gestuerwen | 30. Mäerz 1986 |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Columbia University, Stuyvesant High School |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Gewerkschaftler, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Dänzer, Sänger, Regisseur |
Partei | Republican Party, Democratic Party |
Hien huet a Vaudeville-Stécker an um Broadway Theater gespillt ier en 1930 fir de Film Sinner's Holiday vu Warner Bros. op Hollywwod engagéiert gouf.
Hien huet ufanks dacks haart Kärele gespillt wéi z. B. an The Public Enemy (1931), Blonde Crazy (1931) oder Hard to Handle (1933). Mä och méi differenzéiert Rollen, wéi an Angels with Dirty Faces (1938) an a Yankee Doodle Dandy (1942, woufir en den Oscar als beschte Schauspiller krut), White Heat (1949) a Mister Roberts (1955). Hie war ee vun de Grënner vun der Screen Actors Guild an tëscht 1942 an 1944 hire President.
Dem Cagney seng lescht Roll an engem Film, no iwwer 70 Filmer, war 1981 a Ragtime. Déi zweetlescht war am Billy Wilder sengem One, Two, Three 20 Joer éischter. Do dertëscht huet hien zeréckgezu gelieft, Molerei studéiert an op sengem Bauerenhaff geschafft.
Hie war vun 1922 bis zu sengem Doud mat der Dänzerin Frances Wilhard "Billie" Vernon (1899-1994) bestuet, si haten zwee Kanner adoptéiert.
Commons: James Cagney – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.