franséische Sänger a Schauspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jacques Dutronc, gebuer den 28. Abrëll 1943 zu Paräis, ass e franséische Sänger a Schauspiller.
Jacques Dutronc | |
---|---|
op engem Concert zu Lorient (2010) | |
Gebuer |
28. Abrëll 1943 17. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Lycée Condorcet |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Sänger, Komponist, Liddermécher, Gittarist, Pianist, Batteur, Akkordeonist |
Famill | |
Bestuet mat | Françoise Hardy |
Kanner | Thomas Dutronc |
Zanter 1981 ass hie mat der Sängerin a Schauspillerin Françoise Hardy bestuet.
Am Joer 1966 hat hien e grousse Succès mam Lidd Et moi, et moi, et moi, an an de Joren duerno mat ë. a. Les Playboys, Les cactus, J’aime les filles, Il est cinq heures, Paris s'éveille a L'opportuniste.
1973 huet hien nieft den Optrëtter als Sänger och am Film eng Carrière als Schauspiller ugefaangen. Bekannt Filmer vun him sinn L'Important, c'est d'aimer (1975) vum Andrzej Żuławski mat der Romy Schneider, Mado (1969) vum Claude Sautet, Sauve qui peut (la vie) (1980) vum Jean-Luc Godard a Mes nuits sont plus belles que vos jours (1989) vum Andrzej Żuławski mat der Sophie Marceau.
Dem Dutronc säi Lidd "Les cactus" vun 1966 huet de Paul Leesch op d'Iddi bruecht, fir d'Joer drop säin éischte Supermarché "Cactus" ze nennen. Et koum ëm dobäi aber weeder op d'Lidd nach op deem säi Message un, mä en hat domat einfach e Wuert geholl wat an allen dräi Sproochen zu Lëtzebuerg geleefeg ass.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.