![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/a/aa/Flag_of_Iowa.svg/langlb-640px-Flag_of_Iowa.svg.png&w=640&q=50)
Iowa
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Iowa ass zanter dem Bäitrëtt zur Unioun den 28. Dezember 1846 den 29. Bundesstaat vun de Vereenegte Staate vun Amerika.
Iowa | |||||
| |||||
Spëtznumm: The Hawkeye State | |||||
![]() Lëscht vun alle Bundesstaaten | |||||
Haaptstad: | Des Moines | ||||
Gréisst Stad: | Des Moines | ||||
Gouverneur: | Kim Reynolds | ||||
Fläch: - Total: - Waasser: |
Op 26. Plaz 145.746 km² 0,70 % | ||||
Bevëlkerung: - Total: - Dicht: |
Op 31. Plaz 3.190.369 (2020)[1] 22,05/km² | ||||
Opgeholl als Memberstaat: | 28. Dezember 1848 (29ten) | ||||
Zäitzon: | UTC-6/-5 |
An der Kolonialzäit war den haitege Staat en Deel vun der franséischer an der spuenescher Louisiane; dowéinst ass och haut nach de Fändel vum Iowa op de franséische Fändel modeléiert. Nodeems den Territoire vun de Vereenegte Staaten opkaf gouf, hunn d'Awunner d'Fëllement fir eng Ekonomie geluecht, déi op der Landwirtschaft baséiert huet. Obwuel déi och haut nach eng wichteg Roll spillt, ass et dem Iowa gelongen, seng Wirtschaft an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert ze diversifizéieren. Industrie, Biotechnologie a Finanz- a Versécherungsdéngschtleeschtunge spillen eng wichteg Roll.