Io (Mound)
Jupitermound / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Io [iʔo] (och Jupiter I) ass dee bannenzege vun de véier gréisste Mounde vum Planéit Jupiter a mat engem Duerchmiesser vun 3643 km den drëttgréisste Mound vum Jupiter an de véiertgréisste Mound an eisem Sonnesystem.
Séier Fakten Zentralkierper, Eegenschafte vum Orbit ...
Jupitermond Io, opgeholl aus enger Distanz vun 130.000 km vun der Raumsond Galileo den 3. Juli 1999 | |
Zentralkierper | Jupiter |
---|---|
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 421.800 km |
Periapsis | 420.100 km |
Apoapsis | 423.500 km |
Exzentrizitéit | 0,0041[1] |
Ëmlafzäit | 1,769 Deeg |
Ëmlafvitess | 17,3 km/s |
Inklinatioun | 0,04° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | 3643,2 km |
Dicht | 3,56 g/cm3 |
Albedo | 0,61 |
Visuell Magnitude (mag) | 5,0 |
Entdeckung | |
Entdecker | Galileo Galilei |
Entdeckungsdatum | 7. Januar 1610 |
Zoumaachen
Seng Eegenheet ass een extreeme Vulkanismus, dee vu kengem aneren Himmelskierper am Sonnesystem iwwerbuede gëtt. Bekannt gouf dëse Mound duerch déi éischt Miessung vun der Liichtvitess duerch den Ole Rømer am Joer 1676 unhand vun observéierte Verdäischterungszäite vum Io an Ofhängegkeet vun der Jupiterstellung zu der Äerd.