![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/77/Galapagos-satellite-esislandnames.jpg/640px-Galapagos-satellite-esislandnames.jpg&w=640&q=50)
Archipel
inselräich Mieresgéigend / From Wikipedia, the free encyclopedia
En Archipel [arçi'pe:l], vum laténgeschen Archipelagus, bezeechent eng inselräich Mieresgéigend. Am wëssenschaftleche Sënn ëmfaasst en Archipel d'Land- a Mieresgebitter vun enger inselräicher Regioun. De Begrëff gëtt haut meeschtens als Synonym fir Inselgrupp benotzt, enger Usammlung vun Inselen déi relativ no beienee leien.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/77/Galapagos-satellite-esislandnames.jpg/640px-Galapagos-satellite-esislandnames.jpg)
D'Wuert Archipel besteet aus den zwéi griichesche Begrëffer αρχι- (archi- = "Haapt-") an πέλαγος (pelagos = "Mier") an huet ursprénglech nëmmen déi inselräich Géigenden an der Egäis bezeechent. Eréischt zanter dem Ufank vum 13. Joerhonnert gi Mieresregioune mat gréisseren Inselgruppen – baussent der griichescher – och als Archipel bezeechent.
Den Ënnerscheed zu enger renger Inselgrupp ass evident: eng Inselgrupp ass eebe just eng Grupp vun Inselen; den Archipel ëmfaasst eng Inselgrupp zesumme mat dem Mier wat dertëscht a ronderëm läit.