From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy oder Linn 42 vun der belscher Eisebunnsgesellschaft SNCB ass eng 59,8 Kilometer laang Linn déi Rivage an der Provënz Léck mat Gouvy an dodriwwer eraus mat der Nordstreck vu Lëtzebuerg verbënnt.
Linnennummer | 42 |
---|---|
Bedreiwer | SNCB |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 60,2 km |
Spuerbreet | Normalspuer |
D'Linn 42 huet mat Ausnam vu verschiddenen Deelstécker an de Garen, an an dem Tunnel vun Trois-Ponts, tëscht Aywaille a Vielsalm nëmmen ee Gleis. Vu Vielsalm bis op Gouvy (11,4 km), a vu Rivage bis op Aywaille (8,2 km) ass d'Streck zweegleiseg. Si ass mat 25 kV elektrifizéiert.
D'Streck gëtt och alt vun der SNCB fir Belaaschtungs- an Homologatiounstester vun neie Lokomotive benotzt. D'Streck huet nämlech zwou géi Rampen, déi eng mat 15 ‰ tëscht Trois-Ponts a Vielsalm an eng vun 18 ‰ bei Cierreux tëscht Vielsalm a Gouvy.
D'Linn 42 gouf an 3 Etappe gebaut:
An den 80er Jore wollt d'SNCB d'Streck opginn. D'Linn, déi déi Zäit ganz zweegleiseg war, gouf op e Gleis zeréckgebaut, an eng Parti vu Garegebaier goufen ewechgerappt.
Op Drock vun der lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL a mat Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Staat a vun Europa, gouf d'Linn an den 90er Jore moderniséiert.
Bei dëser Modernisatioun gouf d'Streck elektrifizéiert, Barriäre suppriméiert, an d'Signalisatioun frëschgemaach.
De 25. Mee 2000 waren d'Aarbechten déi ronn 900 Millioune Frang kascht hu, fäerdeg.
Déi automatiséiert Signalisatioun gouf Enn November 2012 a Betrib geholl[1] an déi ganz Streck gëtt elektronesch vun der Gare vu Léck aus gesteiert.
A Schifschrëft sinn déi Halten opgezielt an deene keen Zuch méi hält, an déi deelweis ewechgerappt sinn.
Rivage (43) | Liotte | Hagoheid | Martinrive | Aywaille | Remouchamps | Nonceveux | Quarreux | Lorcé-Chevron | Stoumont | La Gleize | Roanne-Coo | Coo | Trois-Ponts (45) | Grand-Halleux | Rencheux | Vielsalm (47A) | Salmchâteau | Cierreux | Bovigny | Gouvy (163)
.
Op der Streck fueren zanter 2014 am internationale Reseau belsch InterCityen.
Commons: Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.