Hugo Gyldén
schweedeschen Astronom / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Johan August Hugo Gyldén, gebuer den 29. Mee 1841 zu Helsinki, a gestuerwen den 9. November 1896 zu Stockholm, war e schweedeschen Astronom.
Hugo Gyldén | |
---|---|
Gebuer |
29. Mee 1841 Helsinki |
Gestuerwen |
9. November 1896 Stockholm |
Nationalitéit | Schweden |
Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser, Mathematiker |
Member vun | Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, National Academy of Sciences |
De Gyldén koum als Jong vum Professer fir griichesch Sprooch, dem Nils Abraham Gyldén op d'Welt. Hien huet 1860 säi Magisterexamen a Philosophie zu Helsinki ofgeluecht. Dat Joer drop huet hie sech mat theoreetesche Studien zu Gotha beim Peter Andreas Hansen beschäftegt a sech duerno um Observatoire vu Pulkovo weidergebilt. Schonn 1863 gouf hien do ugestallt an 1865 zum "eeleren Astronom" ernannt.
1871 ass de Gyldén op d'Universitéit Stockholm schaffe gaangen, wou hien Direkter vum akadeemeschen Observatoire Stockholm gouf. An där Zäit huet hien do och enseignéiert.
Bekannt gouf hien duerch seng Aarbechten um Gebitt vun der Himmelsmechanik, déi deelweis vun aneren Astronomen, wéi z. B. de Martin Brendel, opgegraff an ergänzt goufen.
Nom Gyldén goufen den Asteroid (806) Gyldenia an de Moundkrater Gyldén genannt.