Hill (Moundkrater)
Moundkrater / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Hill ass en Aschlagkrater no beim ëstleche Rand vum Sinus Amoris a läit am nordëstliche Quadrant op der viischter Äerdmoundsäit. Eppes méi süd-südwestlech läit de Krater Carmichael. Am Oste läit den opfällege Macrobius. Den Hill huet eng kreesfërmeg Gestalt, mat engem klenge Plang an der Mëtt. Verglach mat der Ëmgéigend hunn déi bannenzeg Ramplien e relativ héijen Albedo. De Krater selwer ass fräi vun opfällegen Aschlagspueren um Rand oder am Zentrum, an ënnerscheed sech net vu villen änleche Moundkrateren.
Méi Informatiounen Eegenschaften ...
Hill (Moundkrater) | |
---|---|
Eegenschaften | |
Breet | 20,9° N |
Längt | 40,8° O |
Duerchmiesser | 15,76 km |
Déift | 3830 m[1] |
Selenographesch Längt | 320° bei Sonnenopgank |
Genannt nom | George William Hill (1838–1914) |
Krut säin Numm am Joer | 1973 |
Zoumaachen
Am Joer 1973 gouf de fréieren Macrobius B vun der IAU ëmgedeeft an Hill, nom George William Hill.