![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/f7/Man_getting_dressed.jpg/640px-Man_getting_dressed.jpg&w=640&q=50)
Hiem
From Wikipedia, the free encyclopedia
En Hiem ass e Gezei dat den Uewerkierper bedeckt an dat et a ville Variatioune gëtt. En Hiem léisst sech op der Bauchsäit ganz op- an zouknäppen, an ass beim Hals a bei den Äerm op. D'Längt vun den Äerm an d'Form vum Col a vum Ausschnëtt kënne variéieren.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/f7/Man_getting_dressed.jpg/320px-Man_getting_dressed.jpg)
Fréier war d'Definitioun vum Hiem méi breet, an huet och Kleedungsstécker wéi d'ënnescht Hiemchen oder d'Nuetshiem mat abegraff.