Henri vu Lëtzebuerg
Groussherzog vu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Henri Albert Gabriel Félix Marie Guillaume vu Lëtzebuerg gebuer de 16. Abrëll 1955 um Schlass zu Betzder, ass zanter dem 7. Oktober 2000 Groussherzog vu Lëtzebuerg. Hien ass dee sechste Lëtzebuerger Staatschef aus der Dynastie vun Nassau-Weilburg.
Séier Fakten Titelen, Zäit ...
Henri vu Lëtzebuerg | |
---|---|
Titelen | |
Lieutenant-Représentant vu Lëtzebuerg | |
Zäit | 1998 bis 2000 |
Groussherzog vu Lëtzebuerg | |
Zäit | zanter dem 7. Oktober 2000 |
Virgänger | Jean |
Biographie | |
Gebuer |
16. Abrëll 1955 Schlass Betzder |
Bestuet mat | Maria Teresa Mestre |
Papp | Jean vu Lëtzebuerg |
Mamm | Joséphine-Charlotte vun der Belsch |
Geschwëster | Margaretha vu Lëtzebuerg, Marie-Astrid vu Lëtzebuerg, Jean vu Lëtzebuerg, Guillaume vu Lëtzebuerg |
Kanner | Guillaume vu Lëtzebuerg, Félix vu Lëtzebuerg, Louis vu Lëtzebuerg, Alexandra vu Lëtzebuerg, Sébastien vu Lëtzebuerg |
Zoumaachen
Säi vollstännegen Titel ass "Seng kinneklech Altess Groussherzog vu Lëtzebuerg, Herzog vun Nassau, Grof vu Sayn, Königstein, Katzenelnbogen an Diez, Buerggrof vun Hammerstein, Här vu Mahlberg, Wiesbaden, Idstein, Merenberg, Limburg an Eppstein".