![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/9a/Autun_chapiteau_1.jpg/640px-Autun_chapiteau_1.jpg&w=640&q=50)
Helleg dräi Kinneken
From Wikipedia, the free encyclopedia
Helleg Dräi Kinneken oder Geléiert aus dem Mueresland ginn der chrëschtlecher Traditioun no déi Stärendeiter (am griicheschen Ausgangstext: Μάγοι ἀπὸ ἀνατολῶν "Magier aus dem Osten") genannt, déi am Matthäus-Evangelium (Mt 2,1-13a) vum Stär vu Bethlehem bei den neigebuere Jesus gefouert goufen. "Magoi" - 'Magier' kéint een och mat 'Astrologen' iwwersetzen.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/9a/Autun_chapiteau_1.jpg/640px-Autun_chapiteau_1.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/5/5a/Meister_von_Me%C3%9Fkirch_Dreik%C3%B6nigsbild.jpg/320px-Meister_von_Me%C3%9Fkirch_Dreik%C3%B6nigsbild.jpg)
Am Neien Testament steet weeder, datt et Kinneke wieren, nach zu wéi vill se gewiescht wieren. Dës Aspekter ginn eréischt no an no an de Legenden, vum 3. Joerhonnert un, preziséiert. Déi an der Westkierch verbreet Nimm Caspar, Melchior a Balthasar goufen eng éischt Kéier a Legenden aus dem 6. Joerhonnert ernimmt. Déi Syresch Chrëschten nenne se Larvandad, Hormisdas a Gushnasaph; bei den Armeenier gi se Kagba a Badadilma genannt; a bei den Ethiopier hu se d'Nimm Tanisuram, Mika, Sisisba an Awnison, Libtar, Kasäd.
An de mëttelalterleche Mysteriespiller fir d'Dräikinneksfest goufen hir Personnagë weider ausgebaut: sou wier de Melchior Kinnek vun Arabien, de Balthasar vu Saba an de Caspar vu Chaldäa. Zanter dem 12. Joerhonnert gëtt ee vun deenen Dräi mat donkeler Hautfaarf representéiert; dacks si s'och als jonke Mann, mëttelalen an ale Mann mat groem Baart duergestallt.
An der Réimesch-kathoulescher Kierch ginn déi dräi Kinneken als Helleg veréiert. An der kathoulescher Liturgie ass hiert Fest ("Dräikinneksdag") dat vun der Epiphanie, dat de 6. Januar gefeiert gëtt. Och déi Evangeelesch Kierchen erënneren op Epiphanie un déi Geléiert. An den orthodoxe Kierchen dergéint gëtt op deem Dag d'Daf vum Jesus duerch de Johannes den Deefer am Jordan gefeiert an och d'Offenbarung vun der Dräifaltegkeet.