![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/fc/Henri_Adam%252C_h%25C3%25A9ros_de_la_gr%25C3%25A8ve_de_1942.jpg/640px-Henri_Adam%252C_h%25C3%25A9ros_de_la_gr%25C3%25A8ve_de_1942.jpg&w=640&q=50)
Hans Adam
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Hans Adam (herno och Henrich Adam genannt), gebuer den 23. Februar 1894 zu Anspach am Taunus an higeriicht zu Köln am Klingelpütz-Prisong den 11. September 1942, war e Resistenzler.
Hans Adam | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
23. Februar 1894 Anspach |
Gestuerwen |
11. September 1942 Köln |
Nationalitéit | Däitscht Räich |
![]() |
Den Hans Adam war zanter 1912 Aarbechter op der Schëfflenger Schmelz. Hie war als Gewerkschaftler aktiv an huet bei verschiddene Streiker matgemaach. 1933 ass e mat senger Famill vu Schëffleng op Esch geplënnert.
Am August 1942 war hien ee vun de wichtegsten Acteure beim Proteststreik géint d'Zwangsrekrutéierung. Méindes den 31. August 1942 huet hien ëm 2 Minutten op 6 owes en dräi Kilo schwéieren Takeschlëssel (eng Zort Krop) un d'Stoleseel vum "Bier", der Dampdrocksireen vun der Schmelz, gehaangen an domat d'Zeeche fir de Streik ginn.[1]
Den Adam gouf vun engem "Sondergericht" den 10. September 1942 zum Doud verurteelt an direkt duerno op Köln an de Klingelpütz-Prisong bruecht. Den Dag drop gouf en duerch d'Guillotine higeriicht.
De 26. September gouf seng Fra, eng gebuere Cathrin Breyer, mat hiren zwee Kanner a Schlesie verschleeft. Eréischt den 21. Juli 1945 konnte si nees op Esch-Uelzecht heemkommen.
Him zu Éiere gouf zu Schëffleng de "Square Hans Adam" an zu Bierchem d'"rue Hans Adam" genannt. Zanter Abrëll 2021 erënnert e Stolperstein zu Esch un hien.
- Fotogalerie
- De Square Hans Adam mat der Erënnerungsplack zu Schëffleng.
- Säi Graf um Lallenger Kierfecht.
- Stolperstein zu Esch.