Den Ar ass eng al Flächemooss, Eenheetenzeechen: a (Formelzeeche vun der Fläch: A) vun exakt 100 Meterkaree (m²) an ass domat equivalent zu engem Quadratdekameter (dam²).

Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Am Joer 1793 gouf a Frankräich de Meter als den 10-milliounsten Deel vum Äerdquadrant op de Meridian vu Paräis festgeluecht. Zur gläicher Zäit gouf d'Eenheet are als Upassung un dat laténgescht Wuert ārea (Fläch, fräi Plaz) fir d'Fläch vun 100 m² nei geschaf. Am Joer 1868 gouf d'Moosseenheet ënner der Bezeechnung Ar och an anere Länner amtlech agefouert. An der Schwäiz gëtt de Begrëff Are ugewannt (Helvetismus).

Den Ar ass eng Eenheet déi net zum internationalen Eenheetesystem gehéiert. D'International Eenheet fir Flächemoossen ass de Meterkaree (m²).

Dekaar

1 daa := 10 a = 1.000 m²

Hektar

1 ha := 100 a = 10.000 m²

Um Spaweck

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.