HD 45350
Stär am Stärebild Auriga / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den HD 45350 ass e Stär dee ronn 160 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech, am Stärebild Auriga läit. En huet eng visuell Magnitude vu 7,9 mag.
![]() |
Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Séier Fakten Stärebild, Allgemeng Donnéeën ...
Stärebild | Auriga (Aur) |
---|---|
Allgemeng Donnéeën | |
Equinoxe | J2000.0 |
Rektaszensioun | 06h 28m 45,7s |
Deklinatioun | + 38° 57' 47"[1] |
Visuell Magnitude | + 7,89 mag |
Typenandeelung | |
Spektralklass | G5 |
Astrometrie | |
Radialvitess | (−20,8 ± 0,2) km/s |
Parallax | (20,46 ± 0,72) mas |
Distanz an lj | (159 ± 6) Lj |
Absolut Hellegkeet | zirka +4,4 mag |
Physikalesch Eegenschaften | |
Radius | 1,3 R☉ |
Mass | 1,0 M☉ |
Zoumaachen
No engem Opruff vun der Internationaler Astronomescher Unioun am Kader vun hirem Projet NameExoWorlds fir Exoplanéiten an hir Stären ze „deefen”, krut en am Dezember 2019 offiziell den Numm Lucilinburhuc[2],[3].
D'Klass 3B vum Joergang 2019-2020 vum Iechternacher Lycée hat dee Concours gewonnen. D'Schüler déi matgehollef hunn den Numm erauszesiche waren de Lucien Nicolas Berger, d'Léna Boucq Kieffel, de Ben De Boer, de Cédric Delhez, den Nicolas Delhez, de Sergio Manuel Dias Costa, de Pierre Fusshoeller, d'Jil Menei, de Philippe Schaack an d'Claire Zeien.