From Wikipedia, the free encyclopedia
De Günther Prien, gebuer de 16. Januar 1908 zu Osterfeld (bei Naumburg), am haitege Burgenlandkrees a Sachsen-Anhalt, a gestuerwen de 7. Mäerz 1941 am Nordatlantik, südlech vun Island, war en däitsche Marineoffizéier. Hie war am Zweete Weltkrich Kapitänleutnant a Kommandant vum U-Boot U 47.
Günther Prien | |
---|---|
Gebuer |
16. Januar 1908 Osterfeld |
Gestuerwen |
7. Mäerz 1941 Atlanteschen Ozean |
Doudesursaach | am Asaz gefall |
Nationalitéit | Däitscht Räich |
Aktivitéit | Zaldot |
Partei | NSDAP |
Hie gouf bekannt, well en de 14. Oktober 1939 am Laf vun der Operatioun Scapa Flow dat brittescht Schluechtschëff HMS Royal Oak versenkt huet, wat him de Spëtznumm Stéier vu Scapa Flow abruecht huet. Doropshi war de Prien den éischten däitsche Marineoffizéier deen d'Ritterkräiz vum Eisene Kräiz vum Hitler selwer iwwerreecht krut. De Prien ass vun den Nationalsozialisten als groussen Held gefeiert ginn. Hien ass 1941 mat sengem U-Boot a senger ganzer Mannschaft vun enger Missioun am Nordatlantik net méi zeréckkomm.
Commons: Günther Prien – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.