![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/df/Guillaume_Soisson-01.jpg/640px-Guillaume_Soisson-01.jpg&w=640&q=50)
Guillaume Soisson
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Guillaume Soisson, gebuer den 18. November 1866 zu Luerenzweiler a gestuerwen de 27. August 1938 an der Stad, war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
Guillaume Soisson | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
18. November 1866 Luerenzweiler |
Gestuerwen |
27. August 1938 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Stater Kolléisch |
Aktivitéit | Politiker, Ingenieur |
Partei | Rietspartei |
![]() |
No senger Ausbildung zum Ingenieur huet de Guillaume Soisson am Stater Kolléisch ënnerriicht. 1913 an dann nees 1923 bis 1925 war hie Minister vun den ëffentlechen Aarbechten.
De Guillaume Soisson war Auteur vun enger ganze Rëtsch vu wëssenschaftlechen a populärwessenschaftlechen Aarbechten, ë. a. iwwer Radio a Radioaktivitéit, d'Kuel an der Meurthe-et-Moselle, iwwer ugewannte Geologie a Flësseggas, iwwer elektresch Iewen an der Elektro-Siderurgie, iwwer Dampturbinnen an de Plang vun engem Meuse-Musel-Kanal. Hie war am Ingenieurs-Verband aktiv an huet sech ëm deem säi Bulletin gekëmmert.