![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/0c/GoldenGateBridge-001.jpg/640px-GoldenGateBridge-001.jpg&w=640&q=50)
Golden Gate Bridge
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Golden Gate Bridge ass eng Hänkbréck zu San Francisco a Kalifornien, déi iwwer d'Golden Gate Mieresstrooss féiert, déi vum Pazifik an d'San Francisco Bay féiert. Souwuel d'U.S. Route 101 an d'California State Route 1 ginn iwwer d'Bréck, a verbannen d'Hallefinsel vu San Francisco mam Marin County am Norden.
D'Golden Gate Bridge ass eent vun de bekanntste Symboler vu San Fransisco a vu Kalifornien, fir net ze soen, vun de Vereenegte Staaten.
D'Bréck ass vum amerikaneschen Ingenieur Joseph B. Strauss entworf ginn. De Bau huet 4 Joer gedauert an deemools eng 35 Milliounen Dollar kascht. De 27. Mee 1937 gouf se feierlech ageweit.