![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/2e/Pazifik-Karte.png/640px-Pazifik-Karte.png&w=640&q=50)
Pazifik
gréissten Ozean / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pazifeschen Ozean, och Pazifik genannt, ass mat 181,34 Mio. km² (mat Niewemierer) dee gréissten a mat 11.034 m deen déifsten Ozean vun der Äerd.
![]() |
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/2e/Pazifik-Karte.png/320px-Pazifik-Karte.png)
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/a/a7/Pacific_Basin_Island_Geography.jpg/640px-Pacific_Basin_Island_Geography.jpg)
De Pazifik läit tëschent der Arktis am Norden, Amerika am Osten, der Antarktis am Süden, Australien am Südwesten, Ozeanien am Westen an Asien am Nordwesten. E grenzt un all aner Ozeaner.
Et leien eng sëllegen Inselen a senge grousse Wäiten.
Säin Numm krut e vum Ferdinand Magellan, dee bei senger Weltëmsegelung den 28. November 1520 vun der Magellanstrooss hierkoum an op eemol net méi vun de Stierm geplot war déi e bis dohi begleet hunn. "Mar Pacifico" ass Portugisesch/Spuenesch fir "Friddlecht Mier". Trotz sengem Numm gëtt et awer och am Pazifik ferm Stierm, déi jee no Regioun Taifun oder Hurrikan genannt ginn.