Gesetzlech Feierdeeg zu Lëtzebuerg
Wikimedia-Lëschtenartikel / From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi eelef Gesetzlech Feierdeeg zu Lëtzebuerg sinn am Artikel L. 232-2 vum Code du travail[1] festgeluecht; et sinn dëst:
Méi Informatiounen Datum, Feierdag ...
Datum | Feierdag | zanter | Bemierkung |
---|---|---|---|
1. Januar | Neijoerschdag | ||
variabel | Ouschterméindeg | 1892[2] | De Méindeg no Ouschtersonndeg, deen um éischte Sonndeg nom éischte Vollmound am Fréijoer gefeiert gëtt; Ouschterméindeg ass deemno tëscht dem 23. Mäerz an dem 26. Abrëll |
1. Mee | Éischte Mee (Dag vun der Aarbecht) | 1946[3] | |
9. Mee | Europadag | 2019[4] | kann och op oder no Christi Himmelfaart falen |
variabel | Christi Himmelfaart | 39 Deeg nom Ouschtersonndeg, fält ëmmer op en Donneschdeg, tëscht den 30. Abrëll an den 3. Juni | |
variabel | Péngschtméindeg | 1892[2] | fält tëscht den 11. Mee an de 14. Juni. |
23. Juni | Lëtzebuerger Nationalfeierdag | 1962[5] | offiziell: jour de la célébration publique de l´anniversaire du Grand-Duc, virun 1961 war et den 23. Januar, de Gebuertsdag vun der Groussherzogin Charlotte |
15. August | Léiffrawëschdag (Mariä Himmelfaart) | ||
1. November | Allerhellegen | ||
25. Dezember | Chrëschtdag | ||
26. Dezember | Stiefesdag | 1892[2] |
Zoumaachen