From Wikipedia, the free encyclopedia
Ënner Gesetz versteet een an engem materiellen (inhaltlechen) Sënn, all abstrakt an net-perséinlech Rechtsnorm. Gesetz am formelle Sënn begräift all Moossnam déi an enger Prozedur zustan koum, déi vun der Verfassung hier virgesinn ass fir Gesetzer z'erloossen.
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen! |
D'Verfassungsrecht zu Lëtzebuerg definéiert e Gesetz als en Akt dee vun der Chamber gestëmmt a vum Grand-Duc promulgéiert gëtt.
Fir d'Europäesch Mënscherechtskonventioun ass de Begrëff „Gesetz“ am materiellen an net am formelle Sënn ze betruechten. No der Jurisprudenz vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter begräift „Gesetz“ den Ensembel vum geschriwwene Gesetz, inklusiv den Texter vun engem ënnergeuerdente Rang, grad ewéi d'Jurisprudenz.
Op der aner Säit ass e Gesetz oder Reglement dem Lëtzebuerger Droit no e formelle Rechtsakt, dee vum deem Organ an no där Prozedur déi virgesinn ass, ausgeschafft gëtt, onofhängeg vu sengem Inhalt (Matière).
D'Verfassungsgeriicht stellt sech och op d'Säit vun der formeller Approche well Gewaltentrennung, wéi se vun der Constitutioun virgesinn ass, mat sech bréngt, datt kee staatlecht Organ dat d'Legislativ, d'Exekutiv oder d'Judikativ ausüübt eng aner Gewalt ausübe kann, déi duerch d'Verfassung fir en anert Organ virgesinn ass. Dem Legislateur seng Kompetenz begräift deemno net just d'Festleeë vun allgemengen, net-perséinleche Reegelen, mä och déi, déi sech op individuell a konkreet Mesure bezéien.
Wat de Contenu vun de Gesetzer a Reglementer ugeet, sou mécht een en Ënnerscheed tëscht normative Gesetzer, déi en allgemengen, net-perséinleche Sujet betreffen an dozou déngen, Normen ze schafen, also fir Verhalensreegelen, Rechter a Flichte festzeleeën.
Formell Gesetzer sinn Texter déi „Gesetz“ oder „Reglement“ heeschen, well se no enger gewësser Prozedur a vun engem bestëmmten Organ opgestallt goufen, ouni datt s'awer wéi d'normativ Gesetzer eppes befeelen oder eppes Allgemenges betreffen.
Formell Gesetzer sinn z. B.:
E formellt Gesetz kann nëmmen am deem Kader geholl ginn dee vun engem normative Gesetz virginn ass. Et kann en normatiivt Gesetz weeder änneren nach ofschafen. Am Prinzip gëtt et och net abrogéiert oder modifizéiert, well et automatesch ausleeft wa säin Zweck erfëllt ass. Sou ass z. B. engem Gesetz, mat deem d'Chamber en internationalen Traité unhëlt, säin Zweck erfëllt, wann den Traité bis vum Grand-Duc ratifizéiert ass.
E Gesetz kann all Beräicher reegelen, déi vun der Verfassung net fir d'Exekutiv oder d'Judikativ reservéiert sinn. Net reegele kann d'Legislativ deemno z. B. d'Organisatioun vun der Regierung oder d'Nominatioun vun de Fonctionnairen, well dëst vun der Verfassung hier an d'Kompetenz vun der Exekutiv fält.
Ënnert der Konditioun d'Normen uewendriwwer anzehalen, kann d'Legislativ alles reegele wat se fir néideg fënnt. Am Fall wou e Gesetz oder Reglement net kloer wär, oder wann et ënnerschiddlech ausgeluecht kéint ginn, kann d'Legislativ d'Affär iwwer e Gesetz interpretéieren[1].
E Beispill fir esou eng Interpretatioun ass:
D'Chamber eleng huet de legislative Pouvoir, wat mat sech bréngt datt all Gesetz nëmme bestoe kann, wann et am Kader vun der legislativer Prozedur vun der Chamber gestëmmt gouf. Keng aner Autoritéit kann der Chamber hir Kompetenz modifizéieren. Weeder d'Promulgatioun vum Gesetz duerch de Grand-Duc nach d'Judikativ kënne sech géint de Wëlle vun der Chamber fir e Gesetz ze stëmmen duerchsetzen.
Wann et net anescht vun der Constitutioun virgesinn ass, da gëtt e Gesetz an der Chamber mat enger einfacher Majoritéit gestëmmt.
Am Allgemenge kann d'Legislativ decidéieren ob e s'e Gesetz selwer ausféiert oder d'Uwennung z. B. vun engem Reglement oder enger administrativer Decisioun ofhängeg mécht.
Der Constitutioun no mussen awer verschidde Beräicher duerch e formellt Gesetz gereegelt ginn. Dëst betrëfft haaptsächlech Theemen am Zesummenhang mat de Grondrechter oder dem Fonctionnement vum Staat.
Beispiller heifir sinn:
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.