Geriichtshaff vun der CECA
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Geriichtshaff vun der CECA ass am Kader vum Traité iwwer d'Kuel- a Stolgemeinschaft (CECA) geschaf ginn an huet den 10. Dezember 1952 an der Villa Vauban zu Lëtzebuerg seng Aktivitéiten opgeholl. Hie war zoustänneg fir d'Rechtskonflikter, déi sech aus der Applikatioun vum Traité CECA erginn hunn. Am Kader vum Traité iwwer d'Europäesch Unioun ass aus him een Europäesche Geriichtshaff ginn. Seng éischt Aarbechtssëtzung huet am Oktober 1954 stattfonnt.