fréier lëtzebuergesch Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi fréier Gemeng Tënten war bis den 31. Dezember 2017 eng lëtzebuergesch Gemeng am Äischdall, am Kanton Miersch.
Gemeng Tënten (< 2017) | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Tuntange de: Tüntingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Miersch |
Chef-lieu | Tënten |
Awunner | 1.720 |
1. Januar 2017 | |
Fläch | 1.872,9943 ha |
Héicht | 315 m |
Koordinaten |
49° 43’ 02’’ N 06° 00’ 38’’ O |
LAU-Code | LU0411 |
Websäit | Websäit vun der fréierer Gemeng |
D'fréier Gemeng Tënten (orange) am Kanton Miersch (rout) | |
Den 1. Januar 2018 ass si mat der Gemeng Béiwen-Atert zu der neier Gemeng Helperknapp fusionéiert.
Um ëstlechsten Deel vun der deemoleger Gemeng steet de Klaushaff, dee westlechste Punkt läit um Krécklesbierg hanner Rued, deen nërdlechste bei der Maandelbaach. No bei der Bréck bei der N12 ass dee Südlechsten ze fannen.
Déi déifst Plazen an der fréierer Gemeng si laanscht d'Äisch, déi zu Buer op enger Héicht vun 246 m leeft, zu Aansebuerg 236 m an am Mariendall 236 m.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Den 1. Januar 2018 huet d'Gemeng Tënten mat der Gemeng Béiwen-Atert fusionéiert. Dës Fusioun de 25. Mee 2014 an engem Referendum mat 69,5 % zu Béiwen a mat 64,5 zu Tënten guttgeheescht[2]. De 24. Februar 2016 huet d'Chamber eestëmmeg dem Gesetz fir déi Fusioun, zum 1. Januar 2018, zougestëmmt. Den Numm vun der neier Gemeng ass "Gemeng Helperknapp"[3]. An enger éischter Phas war geplangt, datt och d'Gemeng Sëll sollt mat fusionéieren, déi schlussendlech awer een anere Wee gaangen ass[4].
Quell:STATEC
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.