fréier lëtzebuergesch Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Gemeng Kënzeg war bis Enn 2011 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Capellen, am Distrikt Lëtzebuerg. Mat der Gemeng Nidderkäerjeng huet si zu der Gemeng Käerjeng fusionéiert.
Kënzeg | |
---|---|
An anere Sproochen |
fr: Clemency de: Küntzig |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Awunner | 2.201 |
Juli 2010 | |
Fläch | 1.442,4989 ha |
Koordinaten |
49° 35’ 49’’ N 05° 52’ 28’’ O |
D'fréier Gemeng Kënzeg (orange) am Kanton Capellen (rout) | |
Den héchste Punkt an der Gemeng ass um Flouer vu Féngeg um Kues, op enger Héicht vun 395 m.
Déi éischt Spuer vun Awunner zu Kënzeg ass an den 1990er Joren entdeckt ginn, wéi eng aristokratesch Grafkummer aus der Zäit vun de Gallier fonnt gouf, déi op 200 v. Chr. konnt datéiert ginn.
Schrëftlech gëtt Kënzeg fir d'éischt an der éischter Hallschent vum 8. Joerhonnert an engem Dokument vum Karl Martell ernimmt.
Den 18. Mee 2010 huet de Kënzeger Gemengerot, de selwechten Dag wéi dee vun der Gemeng Nidderkäerjeng, engem Accord zu enger Fusioun tëscht deenen zwou Gemengen zougestëmmt.[2] Bei engem Referendum, de 5. Dezember 2010 hunn an den zwou Gemengen eng Majoritéit vun de Wieler sech fir eng Fusioun ausgeschwat (58 % zu Nidderkäerjeng, 56,17 Prozent zu Kënzeg).[3] D'Fusioun trëtt den 1. Januar 2012 a Kraaft.
Kënzeg krut säi Wopen duerch en Arrêté ministériel vum 19. Oktober 1982.
En ass zesummegesat aus dem ale Wope vun den Häre vu Kënzeg (Faarf vum Feld, d'Baarwen an d'Kräizer), an deem vun der Vogtei Lëtzebuerg (déi dräi Tierm).
Beschreiwung vum Wopen:
Um sëlwerege Feld, zwéi Baarwen déi sech de Réck dréinen, mat véier klenge roude Kräizer mat gespëtztem Fouss, de Kapp vum Feld blo, mat enger sëlwerfaarweger Paart mat dräi Tierm.
(Mäerz 2007)
Vun den 2 185 Awunner si 512 Auslänner (23,4 %) vun 30 verschiddenen Nationalitéiten:
Kënzeg war jumeléiert mat Gaflenz an Ueweréisträich am Distrikt Steyr-Land
SES - SIDOR - SICEC - SIGI - SYVICOL - SICONA-Sud-Ouest - Minett-Kompost - SIDERO
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.