From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Gare de l'Est vu Paräis ass eng vu 7 Haaptgare vun der franséischer Haaptstad. Si gouf de 5. Juli 1849 ageweit a war zanterhier den Ausgangspunkt vun Zich a Richtung Ost-Frankräich a Mëtteleuropa.
Gare de l'Est | ||
---|---|---|
Erëffnung: | 5. Juli 1849 | |
Arrondissement: | 10. | |
Passagéier all Joer: | 34 Milliounen | |
Catenaire: | 25kV 50Hz | |
Destinatiounen: | Ostfrankräich, Lëtzebuerg Süddäitschland, Schwäiz. | |
Eisebunnsstrecken: | Paräis-Mulhouse Paräis-Stroossbuerg |
D'Gare de l'Est gouf vun der Compagnie de Paris à Strasbourg no Pläng vum Architekt François Duquesney opgeriicht an hat am Ufank den Numm Embarcardère de Strasbourg. 1854 kruet se hiren haitegen Numm, nodeem d'Compagnie de l'Est d'Gestioun iwwerholl hat an de Reseau iwwer Stroossbuerg op Mulhouse verlängert gouf.
1885, 1900 (Vergréisserung vu 5 op 16 Gleiser)[1] an tëscht 1924 an 1931 gouf s'op hiren haitege Volume ausgebaut. Vun der éischter Gare ass haut nach just déi lénks Entrée erhalen, an och nach net am Original. Se gouf bei der Vergréisserung vun 1924-1931 ënner der Leedung vum Albert Descubes ewechgerappt, an duerno nees d'selwecht opgriicht.[2]
Vum 4. Oktober 1883 un ass den Orient-Express vun der Gare fortgefuer.
Commons: Gare de l'Est – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.