![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/7d/Gare_Ant_Halauer_w.jpg/640px-Gare_Ant_Halauer_w.jpg&w=640&q=50)
Gare Antwerpen-Centraal
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Gare Antwerpen-Centraal, vun den Antwerpener och Middenstatie oder Spoorwegkathedraal genannt, ass eng Gare vun der SNCB an d'Haaptgare vun der Stad Antwerpen. Vun 1873 bis uganks 2007 war et eng Kappgare. Den 23. Mäerz 2007 gouf en Tunnel den ënner der Gare an engem Deel vun der Stad leeft opgemaach.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/3e/Gare-Antwerpen-Fassad_w.jpg/640px-Gare-Antwerpen-Fassad_w.jpg)
Déi éischt Gare zu Antwerpen déi deemools Station Borgerhout geheescht huet war den Terminus vun der Linn Antwerpen-Mechelen, déi den 3. Juni 1836 a Betrib goung.
Dës Linn gouf 1834 verlängert bis op d'Statioun Antwerpen-Dokken en Stapelplaatsen.
D'Statioun Borgerhout war en hëlzent Gebai dat 1854 duerch en neit Statiounsgebai ersat gouf, dat Antwerpen-Oost genannt gouf.
Well d'Durchgangsverbindung no Holland déi duerch Stad goung en urbanistesche Problem war, gouf 1873 eng nei Streck laanscht Antwerpen gebaut an d'Gare gouf erëm eng Kappgare.
Mat dem Bau vum haitege Gebai (en Drëttel dovun) gouf 1899 ugefaangen, an 1905 stoung déi nei Kappgare Antwerpen-Centraal.
D'Iwwerdaachung vun de Quaien ass aus Stol a Glas a gouf vum Ingenieur Clement Van Bogaert realiséiert. Si ass 43 Meter héich, 186 Meter laang, 63 Meter breet a geet iwwer 10 Kappgleiser ewech.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/7d/Gare_Ant_Halauer_w.jpg/640px-Gare_Ant_Halauer_w.jpg)
D'Gebai vun der Gare gouf vum Louis de la Censerie am eklektesche Stil entworf de sech inspiréiere gelooss huet vun der Gare vu Luzern an dem Pantheon zu Roum. Den héchste Punkt vum Gebai ass eng grouss Kuppel déi 75 Meter héich ass.
D'Gare gouf den 11. August 1905 a Betrib geholl.
Vun den 1950er Joren un, kënnt d'Gebai ëmmer méi an e schlechten Zoustand, an et gëtt souguer dru geduecht fir et afzerappen. E Klassement als vun 1975 als protegéiert Monument kann dat awer verhënneren, soudatt vun do un d'Gare komplett restauréiert gouf.