From Wikipedia, the free encyclopedia
De Ban de Gasperich oder Gaasperecher Bann ass een Deel vun der Stad Lëtzebuerg op deem zanter den 2010er Joren en neie Quartier entsteet. Bis 2027 soll en 3.000 Awunner zielen an Aarbechtsplaze fir iwwer 20.000 Leit bidden.[1]
De Quartier ass keen offizielle Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. An de Medie a vun der Regierung gëtt vum "Ban de Gasperich" geschwat, och op Lëtzebuergesch,[2],[3],[4],[5],[6],[7],[8] wärend d'Promoteuren e léiwer "Cloche d'or" nennen.[9] Op Lëtzebuergesch gëtt heiansdo och vum "'Gaasperecher Bann" geschwat.[10],[11],[12],[13]
De Ban de Gasperich läit am Süde vum südleche Stater Wunnquartier Gaasperech. Westlech grenzt en un d'Cloche d'or, déi och zu Gaasperech gehéiert, an am Osten un d'Zone d'activités um Houwald (Gemeng Hesper). Tëscht dem Ban de Gasperich an dem Houwald läit d'Autobunn A3.
De Gaasperecher Bann läit op enger Héicht vun ongeféier 290 bis 300 Meter iwwer dem Mieresspigel.
En huet, jee no Quell, eng Fläch vu 70[14][15] oder 80 Hektar.[16],[17]
Schonn am Plan Joly, vun uganks der 1960er Joren, waren d'Terraine vum Gaasperecher Bann als zone constructible klasséiert. Den Aldo Becca, an an den 1990er Jore säi Fils, de Baupromoteur Flavio Becca, hunn een nom aneren déi eenzel Terraine praktesch all opkaaft. Eenzeg 1,10 Hektar um Boulevard Raiffeisen bloufen am Besëtz vun der Famill Funck-Faber, deene bis 2000 d'Messageries Paul Krauss gehéiert haten.[18]
Op Grondlag vum Programme directeur d'aménagement du territoire huet d'Lëtzebuerger Regierung ufanks 2002 en Integratiivt Verkéiers- a Landesentwécklungskonzept (IVL) opstelle gelooss. Domat sollt gekuckt ginn, wéi d'Landesplanung mam staarke Wirtschaftswuesstem zu Lëtzebuerg an all den domat verbonnene Konsequenze sollt ëmgoen.[19] An deem IVL, dat am Januar 2004 virgestallt gouf, gëtt ervirgehuewen, datt d'Entwécklung vum Südweste vun der Stad Lëtzebuerg Auswierkungen op de Rescht vum Land hätt. Do géif et e Potenzial fir 20.000 bis 25.000 Aarbechtsplaze a grouss Wunnfläche ginn.[20]
Am Mäerz 2004 hunn den Inneminister Michel Wolter, de Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg Paul Helminger an d'Buergermeeschtesch vun Hesper Marie-Thérese Gantenbein beschloss, wéi dat Areal an Zukunft sollt benotzt ginn.[21] Am Juli 2004 ass de "Masterplan" fir den neie Quartier Ban de Gasperich virgestallt ginn, an deem eng éischt Visioun fir de Quartier presentéiert gouf.[22] Dora steet ënner anerem:
Am Mäerz 2012 huet de Stater Gemengerot e Budget vun 59,4 Milliounen Euro fir Infrastrukturaarbechten ugeholl.[15]
2012 hunn d'Bauaarbechter um Ban de Gasperich ugefaangen.[24]
Als éischt Gebai ass am September 2014 de Crystal Park, de Sëtz vun der Auditfirma PwC Lëtzebuerg, fäerdeg gestallt ginn. Ronn 2.400 Persoune sinn dunn an hir nei Büroe mat enger Fläch vun 30.000 Quadratmeter op sechs Etage geplënnert.[25]
D'Haaptverkéiersoder vum Ban de Gasperich, de Boulevard de Kockelscheuer, ass den 28. August 2017 ageweit ginn.[26] D'Bréck iwwer d'Autobunn A6, fir d'Verlängerung laanscht den Nationalstadion bis op d'Beetebuerger Strooss, gouf tëscht Summer 2018 an Hierscht 2019 gebaut. Si goung den 11. November 2019 fir den Trafic op.[27] Am September 2017 huet dat neit Gebai vum franséischsproochege Lycée Vauban seng Diere fir d'Schüler aus der Primärschoul opgemaach, an am Mee 2018 och fir d'Lycéesschüler. En ass an dräi Joer gebaut ginn an huet 146 Milliounen Euro kascht, vun deenen de Lëtzebuerger Staat 80 % finanzéiert huet.[28],[29]
Am Februar 2018 kruten d'Besëtzer vun den éischten 200 Wunnengen de Schlëssel iwwerreecht.[30]
Den 68 Meter héije Waassertuerm, dee ronn 8,7 Milliounen Euro kascht huet, ass den 20. Mäerz 2018 vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer opgemaach ginn. E garantéiert net nëmmen d'Waasserversuergung vum Ban de Gasperich, mä och vun der Cloche d'or, der Kockelscheier an Deeler vun Zéisseng a Gaasperech.[31],[32]
Am Januar 2019 war den neie Sëtz fir Deloitte Lëtzebuerg, eng grouss Auditfirma, fäerdeg ginn, vun Abrëll 2019 u schaffen do op 30.000 Quadratmeter a 16 Stäck eng 2.200 Persounen.[33]
De 14. Mee 2019 ass en Akafszentrum mat 140 Geschäfter an engem grousse Supermarché Auchan opgaangen, dee vun den Architektenbüroe Fabeck Architectes a Schemel & Wirtz entworf gi war. D'Wunntierm driwwer ginn eréischt 2020 fäerdeg[33]
Um Boulevard de Kockelscheuer steet de Centre national d'incendie et de secours, d'Zentral vum nationale Rettungswiesen. Do ass zanter Hierscht 2021 d'Kasär vun de professionelle Stater Pompjeeën, d'Direktioun vun der Verwaltung vum Rettungswiesen, d'Noutruffzentral an d'Schoul vun der Protection civile regroupéiert.[34],[35]
Tëscht dem Ban de Gasperich, der Cloche d'or an der Kockelscheier gouf tëscht 2017 bis 2021 den neien Nationalstadion vu Lëtzebuerg gebaut.
D'Bijou-Gebai, um Boulevard Raiffaisen, gouf 2020 fäerdeg gebaut.[36] Och op de 15.000 Quadratmeter hannendrun sinn an de Joren duerno weider Bürosgebaier entstanen.
Ursprénglech fir 2020 geplangt, ass dee ronn 15 Hektar grousse Gaasperecher Park nieft dem aktuellen Déierenasyl am Juni 2023 fäerdeg ginn.[33] Dofir war e Budget vu 15,9 Milliounen Euro virgesinn.[37]
D'Areal hannert dem Sëtz vu PWC ass fir Appartementshaiser virgesinn, wou 64.000 Quadratmeter Wunnraum entstoe sollen.[33]
Vum 7. Juli 2024 u fiert de Stater Tram iwwer de Boulevard de Kockelscheuer bis op seng Endstatioun beim Stadion.
D'Stater Sozialisten an Déi Lénk hunn ënner anerem kritiséiert, datt am neie Quartier falsch Prioritéite gesat gi wieren. Den neie groussen Akafszentrum géif ze vill Autosverkéier unzéien. Och d'Verhältnes tëscht Bürosflächen a Wunnenge gouf kritiséiert, well et ze wéineg bezuelbare Wunnraum an der Stad géif ginn an um Ban de Gasperich méi Wunnengen amplaz vu Bürosfläch hätte misse gebaut ginn.[15][38],[39],[40]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.