Fräiheetsgrad
From Wikipedia, the free encyclopedia
Mat Fräiheetsgrad gëtt d'Zuel vun de fräi wielbaren, vuneneen onofhängege Beweegungsméiglechkeete vun engem System bezeechent. En onbeweegleche Kierper am Raum huet deemno de Fräiheetsgrad , well et kann een de Kierper an dräi vuneneen onofhängege Richtunge beweegen an an dräi vuneneen onofhängege Plangen dréien. An dëser Bedeitung als Ganzzuel vun den onofhängege Beweegungsméiglechkeete kënnt de Begrëff Fräiheetsgrad nëmmen am Singular vir.[1] Déi eenzel Beweegungsméiglechkeete ginn dann och Fräiheete genannt.
An der Literatur an am allgemenge Sproochgebrauch gëtt awer och jiddwereng vun den onofhängege Beweegungsméiglechkeete vun engem System als e Fräiheetsgrad bezeechent.[2] En onbeweegleche Kierper ouni Uschloss huet sechs Fräiheetsgraden.
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |