![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/ec/Fructidor.jpg/640px-Fructidor.jpg&w=640&q=50)
Fructidor
From Wikipedia, the free encyclopedia
Haaptartikel zu dësem Theema: Republikanesche Kalenner
De Fructidor war den zwieleften a leschte Mount vum franséische republikanesche Kalenner.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/ec/Fructidor.jpg/640px-Fructidor.jpg)
Op e puer Deeg méi oder manner huet de Fructidor vum 18. August bis zum 16. September vum Gregorianesche Kalenner gedauert.
Ausserdeem huet de Fructidor ongeféier mat der Period iwwerenee gestëmmt, wou d'Sonn duerch d'Stärenzeeche vun der Jongfra vum tropeschen Déierekreeszeeche leeft.
Den Numm koum vun der Expressioun « des fruits que le soleil dore & mûrit d'août en septembre », dëst waren d'Wierder déi de Fabre d'Églantine der Convention nationale den 3. Brumaire Joer II am Numm vun der « Commission chargée de la confection du calendrier » virgedroen huet.
Well déi 12 Méint vum republikanesche Kalenner nëmmen 30 Deeg haten (=360 Deeg) goufe 5 (oder 6 bei de bisextile Joren) Deeg nom leschten Dag vum Fructidor derbäigesat, dëst waren d'Sans-culottides (Dekreet vum 7. Fructidor Joer III).