Fesselung (Schach)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Fesselung am Schachspill ass eng Stellung, an där eng Figur net zéie kann, well se an der Wierkungslinn tëscht enger géignerescher Figur an dem eegene Kinnek oder engem wichtege Feld ass. Et gëtt dräi Zorte vu Fesselungen ënnerscheet:
- Echt Fesselung: déi gefesselt Figur kann iwwerhaapt net reegelkonform zéien.
- Bal echt Fesselung: déi gefesselt Figur kann nëmmen innerhalb vun der Wierkungslinn vun der géignerescher Figur zéien oder eventuell déi fesselnd Figur schloen.
- Onecht Fesselung: déi gefesselt Figur ass streng no de Spillreegelen duerch d'Fesselung selwer net an hirer Beweegung ageschränkt.
Fesselunge sinn eng vun deenen heefegsten Elementer vun enger Schachtaktik. D'Fessele vun enger Figur bedeit meeschtens hir Schwächung. Et muss een och domat rechnen, datt de Géigner déi gefesselt Figur e puermol ugräift.