Ferdinand de Saussure
Schwäizer Sproochewëssenschaftler / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Ferdinand de Saussure, gebuer de 26. November 1857 zu Genf a gestuerwen den 22. Februar 1913 zu Vufflens-le-Château, war e Schwäizer Sproochwëssenschaftler. Hie gëllt als de Grënner vum Strukturalismus an der Linguistik, an huet sech och duerch seng Aarbechten iwwer déi Indo-europäesch Sproochen en Numm gemaach.
Ferdinand de Saussure | |
---|---|
Gebuer |
26. November 1857 Genf |
Gestuerwen | 22. Februar 1913 |
Nationalitéit | Schwäiz |
Educatioun |
Universitéit vu Genf, Universitéit vu Leipzig, Collège Calvin |
Aktivitéit | Linguist |
A sengem Cours de linguistique générale, deen 1916 no sengem Doud vu Schüler vun him erausbruecht gouf, gëtt ë. a. de Grondstee vun der Semiotik geluecht, an déi grondleeënd Begrëffer vun der moderner Linguistik definéiert (wéi den Ënnerscheed tëscht langage (d'Fäegkeet sech mat (Sprooch-)Zeechen ze verstännegen), langue (Zeechesystemer, wéi Däitsch, Franséisch, asw.) a parole (Kommunikatioun mat Sprooch an engem bestëmmte Kontext); den Ënnerscheed tëscht Synchronie an Diachronie, den Ennerscheed tëscht signifiant a signifié, d'Beliebegkeet vum linguisteschen Zeechen ("Sem"), asw.)