From Wikipedia, the free encyclopedia
E Fantasyfilm ass e Genre Film an deem Elementer, déi et an der Realitéit net gëtt, eng wichteg Roll spillen. Et geet ëm Elementer aus der mënschlecher Fantasie, wéi zum Beispill Zauberei a fiktiv Liewewiesen a Welten.
De Genre gëtt heiansdo och fantastesche Film genannt. Den däitsche "Lexikon der Filmbegriffe" dogéint schreift: "Der Fantasy-Film gilt neben dem Science-Fiction- und dem Horrorfilm als Subgenre des phantastischen Films".[1]
Bekannt Beispiller vu Fantasyfilmer sinn The Wizard of Oz (1939), Conan the Barbarian (1982), an d'Verfilmunge vun de Bicherreien Harry Potter (2001-2011), The Lord of the Rings (2001-2003), The Chronicles of Narnia (2005-2010) an The Hobbit (2012-2014).
D'Grenz tësche Fantasy a Science-Fiction ass net ëmmer ganz kloer. E puer Science-Fiction-Filmer, an deenen iwwernatierlech oder quasi-iwwernatierlech Fäegkeeten opdauchen, kéinten och als Fantasyfilmer kategoriséiert ginn. Meeschtens läit den Ënnerscheed doran, datt déi Fäegkeeten an de Science-Fiction-Filmer méi oder wéineger wëssenschaftlech erkläert gi, wärend se an de Fantasyfilmer als iwwernatierlech acceptéiert ginn, ouni datt eng Justifikatioun néideg ass. Zu de Filmer, déi Fantasy a Science-Fiction vermëschen, zielen d'Star-Wars-Filmrei an d'Filmer iwwer de Superman.[2][3][4]
Et gi Filmfestivalen, déi op Fantasyfilmer spezialiséiert war. Zu Lëtzebuerg war dat tëscht 1997 an 2006 de Cinénygma Luxembourg International Film Festival.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.