![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/93/Europ%25C3%25A4ische_Investitionsbank.jpg/640px-Europ%25C3%25A4ische_Investitionsbank.jpg&w=640&q=50)
Europäesch Investitiounsbank
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Europäesch Investitiounsbank (EIB) gouf 1958 mam Traité vu Roum geschaf, fir dozou bäizedroen, verschidden Ziler vun der Europäescher Unioun z'erreechen, andeems se verschidden Investissementsprojete finanzéiere soll. Sou Projete mussen z. B. dozou bäidroen, d'europäesch Integratioun, eng ausgeglachen Entwécklung, wirtschaftlech a sozial Cohesioun oder eng op Wësse baséiert, innovativ Ekonomie ze fërderen.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/93/Europ%C3%A4ische_Investitionsbank.jpg/640px-Europ%C3%A4ische_Investitionsbank.jpg)
D'EIB huet hire Sëtz zu Lëtzebuerg. Ronn 1400 Leit schaffen do.
Presidentin ass zanter 2024 d'Nadia Calviño.