Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung, Bayerische Akademie der Schönen Künste
Zoumaachen
Seng Mamm Ida Kästner war Coiffeuse a säi Papp, den Emil Richard Kästner, war Suedlermeeschter. 1906 ass den Erich an d'Schoul zu Dresden gaangen. 1917 ass hien als Zaldot an d'Arméi agezu ginn, mä wéinst engem Häerzproblem koum en zeréck ouni datt en un d'Front hätt goe missen. 1918 huet hien dunn den Ofschloss gemaach an engem Seminar fir Schoulmeeschter. Zu Leipzig huet hie säi Studium an der Germanistik, Geschicht an an der Philosophie gemaach. Nieft sengem Studium huet hie fir d'Neue Leipziger Zeitung geschafft. 1927 ass hien op Berlin geplënnert an huet do als Theaterkritiker an als fräie Mataarbechter bei verschiddenen Zeitunge geschafft.
Seng éischt Gedichtsammlunge verëffentlecht hie vun 1928 un a schreift och Texter fir Kabareten.
Säin erfollegräichst Wierk war de Kannerroman Emil und die Detektive, deen a 24 Sproochen iwwersat an och verfilmt gouf.
Verschidden Aarbechte vum Erich Kästner goufen am Joer 1933 duerch d'Nationalsozialiste verbrannt oder verbueden. An dësen Aarbechten hëlt hien déi spiisseg Moral, de Faschismus an de Militarismus op d'Schëpp. Hie gëtt ëmmer erëm vun der Gestapo verhaft an erëm lafe gelooss.
1957 ass säi Jong den Thomas op d'Welt komm, deen awer bei senger Mamm zu Berlin opwiisst. Am selwechte Joer ass och säi Papp gestuerwen.
Den 29. Juli 1974 stierft den Erich Kästner am Alter vu 75 Joer zu München.
1974: Drei Männer im Schnee - Regie: Alfred Vohrer (mam Klaus Schwarzkopf, dem Roberto Blanco, dem Thomas Fritsch an dem Susanne Uhlen)
1980: Fabian - Regie: Wolf Gremm (mam Hans Peter Hallwachs)
1994: Charlie und Louise. Das doppelte Lottchen - Regie: Joseph Vilsmaier (mat der Corinna Harfouch an dem Heiner Lauterbach wéi och dem Fritzi an dem Floriane Eichhorn)
1995: It Takes Two - Regie: Andy Tennant (mam Ashley an dem Mary-Kate Olsen - eng weider Versioun vum Doppelten Lottchen).
1998: The Parent Trap - Regie: Nancy Meyers (mam Dennis Quaid - nach eng US-Fassung vum Doppelten Lottchen)
1999: Pünktchen und Anton - Regie: Caroline Link (mam Juliane Köhler, dem August Zirner an dem Meret Becker)
2001: Emil und die Detektive - Regie: Franziska Buch (mam Jürgen Vogel, dem Maria Schrader an dem Kai Wiesinger)
2003: Das fliegende Klassenzimmer - Regie: Tomy Wigand (mam Ulrich Noethen, dem Sebastian Koch an dem Piet Klocke)