![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/8f/Logo-engie.svg/langlb-640px-Logo-engie.svg.png&w=640&q=50)
Engie
From Wikipedia, the free encyclopedia
Engie ass eng franséisch Entreprise, déi am Energiesecteur aktiv ass. Si schafft an der Produktioun an Distributioun vun elektreschem Stroum a Gas.
Séier Fakten Typ, Grënnungsdatum ...
Engie | |
---|---|
![]() | |
Typ | Aktiegesellschaft (SA) |
Grënnungsdatum | 22. Juli 2008 |
Sëtz |
La Défense, Courbevoie![]() |
Mataarbechter | 160.000 (2018)[1] |
Ëmsaz | 61 Milliarden € (2018)[1] |
Branche | Energieliwwerant |
Homepage | engie.com |
![]() |
Zoumaachen
Engie ass den 22. Juli 2008 mat der Fusioun tëscht Gaz de France (GDF) a Suez entstanen. 2010 huet GDF Suez, wéi d'Entreprise dunn nach geheescht huet, déi brittesch Firma International Power opkaaft. Zënter 2015 heescht de Grupp offiziell "Engie".
De franséische Staat war 2021 mat 24% vun den Aktien de gréissten Aktionär vun Engie.[2]
De Sëtz vun Engie ass zu Courbevoie am Quartier La Défense, bei Paräis.
D'Entreprise gëtt op de Bourssen zu Paräis, Bréissel a Lëtzebuerg kotéiert an ass en Deel vun de Bourssenindexen CAC 40 a BEL20.