![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/36/Michel_Edmond_de_Selys_Longchamps.jpg/640px-Michel_Edmond_de_Selys_Longchamps.jpg&w=640&q=50)
Edmond de Sélys Longchamps
belsche Politiker an Entomolog / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Baron Michel Edmond de Sélys Longchamps (de Selys Longchamps), gebuer de 25. Mee 1813 zu Paräis a gestuerwen den 11. Dezember 1900 zu Léck, war e belschen Zoolog a Politiker.
Edmond de Sélys Longchamps | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
25. Mee 1813 Paräis |
Gestuerwen |
11. Dezember 1900 Léck |
Nationalitéit | Frankräich, Belsch |
Aktivitéit | Entomolog |
Partei | Parti libéral |
Member vun | Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique, Société des naturalistes luxembourgeois, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal, Accademia delle Scienze di Torino |
Famill | |
Papp | Michel-Laurent de Sélys Longchamps |
![]() |
Den Edmond de Sélys Longchamps ass ee vun de bekanntste belschen Zoologe vum 19. Joerhonnert. Hien huet sech fréizäiteg en Numm gemaach mat der Publikatioun vu senger « Faune belge », déi 1842 erauskoum. Hien ass besonnesch bekannt fir seng entomologesch Aarbechten. Säi Spezialgebitt waren d'Libellen.
Den Edmond de Sélys Longchamps huet sech nieft der Wëssenschaft awer och mat Politik beschäftegt. Vun 1855 bis 1900 war hir Member vum belsche Senat, zäitweileg als Vizepresident a vun 1880 bis 1884 als President.
Den Edmond de Sélys Longchamps war vun 1841 u Membre correspondant vun der Académie royale des Sciences, des Lettres et des Beaux-Arts de Belgique a vun 1846 u Membre effectif. Hie gouf 1851 Éieremember vun der Société des sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg, déi 1868 d'Section des Sciences vum Institut grand-ducal gouf, an domat gouf den E. de Sélys Longchamps automatesch Éieremember vum Institut grand-ducal. Am Joer 1892 ass hien och Éieremember vun der "Fauna", der Société des naturalistes luxembourgeois, ginn.[1]