ESTCube-1
From Wikipedia, the free encyclopedia
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den ESTCube-1 ass en Technologietest- an Amateurfunksatellit, dee vu Studente vun der Universitéit Tartu entwéckelt gouf. Et ass deen éischten estnesche Satellit.
ESTCube-1 | |
---|---|
Typ | Amateurfunksatellit |
Land | Estland |
Agentur | Universitéit Tartu |
Mass | 1,05 kg |
Gréisst | 10 × 10 × 10 cm³ |
Bunn-Ëmlafzäit | |
Start | 7. Mee 2013, 02:06 UTC |
Startplaz | CSG |
Drorakéit | Vega |
Status | am Orbit |
Beim ESTCube-1 handelt et sech ëm e CubeSat vun der Gréisst 1U. Hie soll d'Konzept fir en neiaartegt elektrescht Sonneseegel testen. De Satellit soll bannent enger Woch en 10 m laangen an nëmme 50 µm décken Drot aus Aluminium ofwéckelen. Uschléissend gëtt dee mat enger Spannung vu 500 V mat enger Elektronekanoun opgelueden. De Satellit sent mam estnesche Rufzeechen ES5E op 437,505 MHz an der Betribsaart AX.25 an op 437,250 MHz a Morsetelegraphie.
Den ESTCube-1 war de 7. Mee 2013 vum Centre Spatial Guyanais bei Kourou a Franséisch-Guayana aus zesumme mat de béiden Äerdobservatiounssatellitten Proba V an VNREDSat 1a mat enger Vega-Rakéit gestart.
Scho kuerz nom Start goufen déi éischt Telemetriesignaler vu Funkamateure weltwäit empfaangen.
Commons: ESTCube-1 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.