Déck Noss
Fruucht vum Nëssert / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Déck Noss oder just Noss (pl.: Nëss) ass d'Fruucht vum Nëssert (Juglans regia L.). D'Déck Noss kann och nach Knécksert[1], Hackernoss oder Päerdsnoss[2][3] heeschen.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat den décken Nëss resp. Knéckserten. Fir aner Zorten Nëss, kuckt wgl. Nossfruucht. |
D'Nëss an eng Hellewull kulinaresch Spezialitéiten déi dermat gemaach ginn, stinn all Joer Ufank Oktober am Mëttelpunkt vun engem groussen Nëssmaart zu Veianen.