From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi Déck Bertha (de: "Dicke Berta") war e Geschëtz , dat fir d'éischt am Éischte Weltkrich agesat gouf, an dat deemools zu den originellsten a bekanntste Waffe gezielt gouf.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Et war en 42-cm-Mortier dee vum Rëschtungskonzern Krupp entwéckelt a gebaut gouf. Hie sollt géint Festungen agesat ginn. Am Éischte Weltkrich huet sech awer erausgestallt, datt déi modernst a stäerkst Festungen aus Stolbëtong de grousskalibrege Granaten déi deemools am Gebrauch waren, d'Stier géife bidden, och wa méi al Konstruktiounen net duergehalen hunn.
Den 9. an 12. August 1914 goufen déi éischt Exemplar vun der Décker Bertha vu Krupp ausgeliwwert.
Et goufen zwou Variante gebaut, vun deenen 1914 déi follgend prett stoungen:
Déi déck Bertha (Typ M: liicht Versioun) gouf fir d'éischt den 12. August 1914 bei der Belagerung vu Léck géint de Fort de Pontisse gebraucht. De 15. August gouf de Fort de Loncin mat der décker Bertha bombardéiert, woubäi de Polfermagaseng am Fort explodéiert ass. De 16. August haten déi 12 Forte rondrëm Léck sech erginn. Nëmmen dräi vun hinnen (Pontisse, Fléron a Loncin), waren engem Ugrëff duerch d'Déck Bertha ausgesat. D'Berthaen (vum Typ M a Gamma) hunn d'Festunge vun Namouer, Maubeuge an Antwerpen zerstéiert an och déi russesch Linne bei der Donau ugegraff. Dogéint hu se bei Verdun bewisen, datt hiren Erfolleg Limitten hätt. Am Zesummenhang mat der Berüümtheet vun der Décker Bertha gëtt et awer och Confusiounen, well iertemlech ugeholl gëtt, si wiere benotzt gi fir Paräis ze bombardéieren. Dat war awer net de Fall, well et do eng Verwiesslung mat de Paräisser Kanoune gëtt, déi deemools Paräis bombardéiert hunn[1].
Wéinst dem Traité vu Versailles goufen d'Kanounen nom Enn vum Éischte Weltkrich zerstéiert oder den Alliéierten ausgeliwwert. Eng eenzeg Kanoun, déi nach um Versuchsterrain vu Krupp war, ass awer iwwersi ginn. Si gouf erëm 1939 vum Heer iwwerholl an am Zweete Weltkrich agesat. Den éischten Asaz war de 7. Juni 1942 bei der Belagerung vun der Festung Sewastopol. 1943 gouf se géint den Opstand am Warschauer Ghetto agesat. Wat duerno mat hir geschitt ass, bleift onkloer. Et gëtt ugeholl, datt se vun der Sowjetarméi gesprengt gouf.[2]
Commons: Déck Bertha – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.