From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Dionysiuskierch vun Uewerkäerjeng ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Kordall Sainte-Barbe am Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Käerjeng gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Uewerkäerjeng | |||
Par | Par Kordall Sainte-Barbe | |||
Dekanat | Dekanat Süden-West | |||
Numm / Patréiner | Hl. Dionysius | |||
Konsekratioun | 1761 | |||
Koordinaten | 49° 34’ 33.1’’ N 05° 54’ 39.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner ass den hellegen Dionysius (Denis), deem säi Fest den 9. Oktober gefeiert gëtt.
Si steet an der rue de l'Église, enger Säitestrooss vun der rue de Bascharage, dem CR110A.
Zur fréierer Par Uewerkäerjeng gehéiert ausser der Parkierch vun Uewerkäerjeng och nach d'Filialkierch vu Lénger.
Zanter dem 28. Januar 1971 ass d'Kierch als Zousazinventaire op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]
Am Joer 1744 ass d'Uewerkäerjenger Kierch nei opgebaut ginn. Dorop weist de Schlosssteen iwwer der Aganksdier hin, op dem "Anno 1744" - "Reaedificatum 1740" steet.
De 15. August 1761 gouf d'Kierch vum Tréierer Weibëschof Johannes Nikolaus von Hontheim konsekréiert.
D'Uergel vun der Uewerkäerjenger Kierch gouf 1952 vun der Uergelmanufaktur Sebald vun Tréier gebaut an ass zanterhier onverännert.
Commons: Dionysiuskierch vun Uewerkäerjeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.