From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Diacria-Gradsecteur gehéiert zu den 30 Gradsecteure vum Planéit Mars. Den Numm gouf vum USGS festgeluecht. D'Nummer ass MC-2. De Gradsecteur ëmfaasst e Gebitt vun 120° bis 180° westlecher Längt a vun 30° bis 65° südlecher Breet.[1]
De Gradsecteur deckt Deeler vum Arcadia Planitia an Amazonis Planitia of. D'Géigend gouf vum E.M. Antoniadi, engem griicheschen Astronom, 1930 no engem Héichland am Norde vun Attika genannt. E bezeechent eng Albedoformatioun am Beräich vun 48° N an 190° O. Am Beräich vum Gradsecteur läit ë. a. de Milankovič-Krater mat engem Duerchmiesser vun zirka 118,4 km, d'Westflank vum Alba Mons duerchzitt de Gradsecteur am südëstleche Beräich.[2] Dee Beräich ass och vum d'Gruefgebitt Cyane Fossae duerchzunn.
Westlech vum Lycus Sulci, vis-à-vis vum Amazonis Planitia, läit d'Biergketten Erebus Montes. Si huet Honnerte vun isoléierten Hiwwelen, déi tëscht 500 m an 1000 m iwwer dem Flaachland stinn.[3]
Commons: Diacria – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.