Dexter Gordon
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Dexter Gordon, gebuer de 27. Februar 1923 zu Los Angeles a gestuerwen de 25. Abrëll 1990 zu Philadelphia, war en US-amerikaneschen Jazz-Saxophonist. Hien huet virun allem Tenor-Saxophon gespillt a war mat deen éischten, deen am Bebop-Stil op deem Instrument gespillt huet.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Dexter Gordon | |
---|---|
Gebuer |
27. Februar 1923 Los Angeles |
Gestuerwen |
25. Abrëll 1990 Philadelphia |
Doudesursaach | Niereversoen |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Komponist, Saxophonist, Jazzmuseker, Discographesche Kënschtler |
Zoumaachen
Wéinst senger Gréisst - bal 2 Meter - krut hien de Spëtznumm Long Tall Dexter oder Sophisticated Giant. An den 1960er-1970er Joren huet hien an Europa, virun allem zu Paräis an zu Kopenhagen, gelieft.
Hien huet am Film Round Midnight (Warner Bros, 1986) d'Haaptroll gespillt, woufir e fir en Oscar nominéiert gouf an e Grammy fir de beschte Soundtrack krut.