Dagestan
From Wikipedia, the free encyclopedia
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Republik Dagestan (Russesch Республика Дагестан / Respublika Dagestan) ass eng russesch Republik am Nordkaukasus. Si ass 1991 aus der Dagestanescher ASSR ervirgaangen. Den Numm bedeit "Biergland" an den Turksproochen.
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Republik Dagestan Республика Дагестан | |
---|---|
Federatiounskrees: | Nordkaukasus |
Haaptstad: | Machatschkala |
Fläch: | 50.270 km² |
Awunner: | 2.910.249 (14. Okt. 2010) |
Bevëlkerungsdicht: | 58 Aw./km² |
Offiziell Sproochen: | Russesch, Aghulesch, Awaresch, Aserbaidjanesch, Darginesch, Kumykesch, Lakesch, Lesgesch, Nogaesch, Rutulesch, Tabassaranesch, Tatesch, Tsachuresch, Tschetschenesch |
Grënnung: | 20. Januar 1921 |
Zäitzon: | UTC+4 |
President: | Magomedsalam Magomedow |
Den Dagestan besteet am Norden aus flaacher Stepp an am Süden aus héije Bierger, déi d'Grenz mam Aserbaidjan a Georgie bilden. Hei läit och dee südlechste Punkt vun der Russescher Federatioun. Am Osten ass eng laang Küst um Kaspesche Mier. Nopeschfederatiounssujete sinn am Westen Tschetschenien an am Norde Kalmückien an d'Regioun Stawropol. Déi wichtegst Flëss sinn den Terek, de Sulak an de Samur.
Am Dagestan liewe méi wéi 30 Vëlker op enkem Raum zesummen. Et ass déi am heterogenst russesch Republik, wat virun allem dorop zeréckzeféieren ass datt d'Bierglandschaft Reesen a Kommunikatioun erschwéiert, a kulturell ëmmer nach d'Clanwiese primordial ass. Déi nëmmen 100.000 Russe si just nach eng kleng Minoritéit an der ronn 3 Milliounen Awunner Republik (Stand 2010). Trotzdeem ass Russesch ëmmer nach d'Amtssprooch, déi och als Verkéierssprooch tëscht den Ethnien déngt. De Groussdeel vun der Bevëlkerung ass vun islameschem Glawen (haaptsächlech sunittesch). Anescht wéi an aneren Deeler vun der Russescher Federatioun wiisst d'Populatioun am Dagestan rapid.
Zensus 1926 | Zensus 1939 | Zensus 1959 | Zensus 1970 | Zensus 1979 | Zensus 1989 | Zensus 2002 | Zensus 20101 | |||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Awaren | 177.189 (22,5 %) | 230.488 (24,8 %) | 239.373 (22,5 %) | 349.304 (24,5 %) | 418.634 (25,7 %) | 496.077 (27,5 %) | 758.438 (29,4 %) | 850.011 (29,2 %) | ||||||||
Darginer | 125.707 (16,0 %) | 150.421 (16,2 %) | 148.194 (13,9 %) | 207.776 (14,5 %) | 246.854 (15,2 %) | 280.431 (15,6 %) | 425.526 (16,5 %) | 490.384 (16,9 %) | ||||||||
Kumyken | 87.960 (11,2 %) | 100.053 (10,8 %) | 120.859 (11,4 %) | 169.019 (11,8 %) | 202.297 (12,4 %) | 231.805 (12,9 %) | 365.804 (14,2 %) | 431.736 (14,8 %) | ||||||||
Lesgier | 90.509 (11,5 %) | 96.723 (10,4 %) | 108.615 (10,2 %) | 162.721 (11,4 %) | 188.804 (11,6 %) | 204.370 (11,3 %) | 336.698 (13,1 %) | 385.240 (13,2 %) | ||||||||
Laken | 39.878 (5,1 %) | 51.671 (5,6 %) | 53.451 (5,0 %) | 72.240 (5,1 %) | 83.457 (5,1 %) | 91.682 (5,1 %) | 139.732 (5,4 %) | 161.276 (5,5 %) | ||||||||
Aserbaidjaner | 23.428 (3,0 %) | 31.141 (3,3 %) | 38.224 (3,6 %) | 54.403 (3,8 %) | 64.514 (4,0 %) | 75.463 (4,2 %) | 111.656 (4,3 %) | 130.919 (4,5 %) | ||||||||
Tabassaranen | 31.915 (4,0 %) | 33.432 (3,6 %) | 33.548 (3,2 %) | 53.253 (3,7 %) | 71.722 (4,4 %) | 78.196 (4,3 %) | 110.152 (4,3 %) | 118.848 (4,1 %) | ||||||||
Russen | 98.197 (12,5 %) | 132.952 (14,3 %) | 213.754 (20,1 %) | 209.570 (14,7 %) | 189.474 (11,6 %) | 165.940 (9,2 %) | 120.875 (4,7 %) | 104.020 (3,6 %) | ||||||||
Tschetschenen | 21.851 (2,8 %) | 26.419 (2,8 %) | 12.798 (1,2 %) | 39.965 (2,8 %) | 49.227 (3,0 %) | 57.877 (3,2 %) | 87.867 (3,4 %) | 93.658 (3,2 %) | ||||||||
Nogaier | 26.086 (3,3 %) | 4.677 (0,5 %) | 14.939 (1,4 %) | 21.750 (1,5 %) | 24.977 (1,5 %) | 28.294 (1,6 %) | 38.168 (1,5 %) | 40.407 (1,4 %) | ||||||||
Agulier | 7.653 (1,0 %) | onbekannt | 6.378 (0,6 %) | 8.644 (0,6 %) | 11.459 (0,7 %) | 13.791 (0,8 %) | 23.314 (0,9 %) | 28.054 (1,0 %) | ||||||||
Rutulen | 10.333 (1,3 %) | 20.408 (2,2 %) | 6.566 (0,6 %) | 11.799 (0,8 %) | 14.288 (0,9 %) | 14.955 (0,8 %) | 24.298 (0,9 %) | 27.849 (1,0 %) | ||||||||
Zachuren | 3.531 (0,4 %) | onbekannt | 4.278 (0,4 %) | 4.309 (0,3 %) | 4.560 (0,3 %) | 5.194 (0,3 %) | 8.168 (0,3 %) | 9.771 (0,3 %) | ||||||||
Anerer | 43.861 (5,6 %) | 52.031 (5,6 %) | 61.495 (5,8 %) | 63.787 (4,5 %) | 57.892 (3,6 %) | 58.113 (3,2 %) | 25.835 (1,0 %) | 39.292 (1,4 %)2 | ||||||||
Total | 788.098 (100 %) | 930.416 (100 %) | 1.062.472 (100 %) | 1.428.540 (100 %) | 1.628.159 (100 %) | 1.802.188 (100 %) | 2.576.531 (100 %) | 2.910.249 (100 %) | ||||||||
1 18.430 Persoune konnte kenger Volleksgrupp zougedeelt ginn, si verdeele sech awer wuel undeelsméisseg d'selwecht wéi déi aner Awunner.[1] 2 dorënner 4.997 Armeenier a 455 Taten |
Et ass eng vun deenen ärmste Republike vun der Russescher Federatioun, obwuel se sech an den 2000er Jore relativ erkritt huet, an elo an der Moyenne op e pro-Kapp-Akommes vun engen ëmgerechent 3200$ pro Joer kënnt (Stand 2010). Et muss een dozou soen, datt et eng ganz kleng Minoritéit vu ganz Räiche gëtt, eng komplett ënnerproportional vertrueden a limitéiert Mëttelklass (4000$ pro Kapp a Joer, Stand 2012), a carrément 56 % vun der Bevëlkerung déi ënner der Aarmutsgrenz liewen.
Joer | RUB | USD |
---|---|---|
2010 | 98.026 | 3.227 |
2009 | 97.759 | 3.086 |
2008 | 80.466 | 3.235 |
2007 | 59.026 | 2.310 |
2006 | 47.010 | 1.732 |
2005 | 34.496 | 1.218 |
2004 | 31.020 | 1.077 |
2002 | 16.470 | 594 |
1999 | 10.872 | 441 |
Am russesche Verglach gëtt et am Dagestan e relativ klengen Undeel vun der Bevëlkerung deen a Stied lieft (43 %). Déi gréisst Stied sinn:
Nunn | Russesch | Awunner (14. Oktober 2010) |
---|---|---|
Machatschkala | Махачкала | 572.076 |
Chassawjurt | Хасавюрт | 131.187 |
Derbent | Дербент | 119.200 |
Kaspijsk | Каспийск | 100.129 |
Buinaksk | Буйнакск | 62.623 |
Isberbasch | Избербаш | 55.646 |
Kisljar | Кизляр | 48.984 |
Kisiljurt | Кизилюрт | 32.988 |
Commons: Dagestan – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.