D'Perser
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Perser (gr.: Πέρσαι / Persai) ass eng vun de groussen Tragedie vum algriicheschen Auteur Aischylos. D'Stéck gouf 472 v. Chr. fir d'éischt Kéier opgefouert an zielt als eelsten Drama vun der Welt, wat nach erhalen ass. An D'Perser geet et ëm den Ënnergang vun der persescher Flott an der Schluecht vu Salamis aus der fiktiver Siicht vum persesche Kinnekshaff.
Dem Aischylos säi Wierk D'Perser berout op der historescher Néierlag vum persesche Grousskinnek Xerxes I. an der Schluecht vu Salamis am Joer 480 v. Chr., wou den Aischylos selwer op griichescher Säit dobäi war. D'Stéck, wat 472 v. Chr. fir d'éischt Kéier opgefouert ginn ass, krut bei den Dionysien den éischte Präis. Zesumme mat den Drame Phineus a Glaukos, déi haut verluer sinn, huet d'Stéck eng Trilogie gebilt.
D'Tragedie D'Perser gëllt trotz dem oppene Stolz iwwer d'Victoire als Beispill dofir, wéi och deen am Triumph geschloene Feind net erofgesat gi muss, mä duerch eng Spigelung vun der "Géigesäit" an der ganzer Tragik vu senger Néierlag ka gekuckt ginn. Net déi eegen Handlungen, mä d'Dote vun de Gëtter, déi duerch Frevel an Hybris rose gi waren, hunn d'Schicksal vum trageschen Held Xerxes entscheet, deem säi Vollek hei als Schwëstervollek ugesi gëtt.