![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d4/Copernicus_%2528LRO%2529_2.png/640px-Copernicus_%2528LRO%2529_2.png&w=640&q=50)
Copernicus (Moundkrater)
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Copernicus (och Kopernikus geschriwwen) ass e grousse Moundkrater vum Typ Rankbierg, deen 1935 offiziell vun der IAU nom Astronom Nikolaus Kopernikus genannt gouf. Hien huet en Duerchmiesser vun 90–95 km.
![]() | |
Koordinaten | 9°37'17"N, 20°4'53"W |
---|---|
Duerchmiesser | 96,07 km |
Déift | 3.800 m |
Genannt no | Nikolaus Kopernikus |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ11 |
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/ef/Copernicus_Crater.jpg/640px-Copernicus_Crater.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/9d/Copernicus_crater_AS12-52-7739.jpg/640px-Copernicus_crater_AS12-52-7739.jpg)
Aussergewéinlech ass um Aschlagkrater, datt en net een, mä e puer Zentralbierger huet, déi bis zu 1,2 km héich sinn. De Kraterrand ass däitlech terrassefërmeg gegliddert a wéineg erodéiert, well en ee vun de jéngste Groussimpakten um Mound duerstellt. Wärend de Kraterbuedem ongeféier 3800 m méi déif wéi d'Ramplikämm läit, stinn déi ronn 900 Meter iwwer d'Flächen aus der Ëmgéigend eraus. Sou Héichtenënnerscheeder sinn zimmlech rar.
De Copernicus ass och – änlech wéi d'Krateren Tycho a Kepler – Ausgangspunkt vun engem Stralesystem, dat besonnesch bei Vollmound gutt ze gesinn ass.
Am Kader vum Apollo-Programm war de Rankbierg eng méiglech Plaz fir eng bemannt Moundlandung a koum fir d'Missioun Apollo 20 a méi eng enk Wal. Dëse Raumfluch gouf awer 1970 aus finanzielle Grënn ofgesot, ier eng Entscheedung getraff gouf.
D'Copernic-Period vun der lunarer Zäitskala gouf no dësem Krater genannt.