![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/f7/Full_Moon_Japan-2.jpg/640px-Full_Moon_Japan-2.jpg&w=640&q=50)
Lunar Zäitskala
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'lunar Zäitskala deelt d'Entstoe vun der Uewerfläch vum Äerdmound a sechs Zäitalteren oder Perioden an, deenen hiren Ufank an Enn sech u bestëmmten Evenementer festhalen. Déi absolut Datéierunge goufe mat Hëllef vum Moundgestengs deen d'Apollo-Astronaute matbruecht hate festgehalen. Mat där Datéierung konnte mam Ziele vun der Kraterheefegkeet weider Datéierungen ofgeleet ginn.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/f7/Full_Moon_Japan-2.jpg/640px-Full_Moon_Japan-2.jpg)
Krater: 1a – Nektaresch
1b – Imbresch
1c – Eratosthenesch
1d – Kopernikanesch
Mare: 2a – Prenektaresch
2b – Nektaresch
2c – Fréiimbresch
2d – Spéitimbresch
2e – Eratosthenesch
Duerch géigesäiteg Iwwerlagerung vu Strukture kritt een zousätzlech relativ Datéierungen, z. B. ass e méi klenge Krater an engem méi grousse Krater offensichtlech méi jonk.