From Wikipedia, the free encyclopedia
E Computer (v. Engl.: to compute - "rechnen") ass en Apparat, deen Informatioune mat programméierten Algoritme (Computerprogramm) verschaffe kann. E Computer ass also eng Rechemaschinn, déi zousätzlech fräi programméiert ka ginn.
Uganks waren d'Computeren op d'Verschaffe vun Zuele beschränkt, mä hautdesdaags si s'an den Industrienatiounen a praktesch alle Beräicher vum Liewen erëmzefannen. A Firmen an Administratiounen dénge se der Späicherung, dem Verschaffen an der Visualisatioun vun Informatiounen. Fir Natur- an Ingenieurswëssenschafte sinn déi zur Zäit leeschtungsstäerkste Computeren dat wichtegst Aarbechtsgeschier iwwerhaapt, dat komplex Mechanismen simuléiert, z. B. an der Klima- oder an der Nuklearfuerschung. Et sinn och ëmmer méi Privatleit, déi e Computer fir déi ënnerschiddlechst Uwennunge benotzen, a sief et nëmme fir sech mat Computerspiller z'ënnerhalen.
Déi meescht technesch Apparater, vum Telefon iwwer dem Zänndokter säi Buerer, bis hin zur Mënzpréifung an engem Wuerenautomat ginn haut vun integréierte Klengstcomputere gesteiert.
Den englesche Begrëff Computer, vum Verb (to) compute (v. Lat. computare = zesummerechnen) huet ufanks Mënsche beschriwwen, déi laangwiereg Berechnunge gemaach hunn, zum Beispill d'Astronomen am Mëttelalter. 1938 huet de Konrad Zuse den éischte fräi programméierbare mechanesche Rechner gebaut, den am haitege Sënn schonn dem Begrëff entsprach huet. Am Numm vum 1946 virgestallten Electronic Numerical Integrator and Computer (kuerz ENIAC) daucht d'Wuert fir d'éischt als Bestanddeel vum Numm op. Doduerch huet sech Computer als Gattungsbegrëff fir déi neiaarteg Maschinnen etabléiert.
Iwwer vill Tëschenetappe gouf de Computer vun hallwer Foussballsterraingréisst op Raum- an duerno Schafgréisst verklengert. Deen éischte kommerziell erfollegräiche Computer fir doheem, den Apple II, gouf vun Apple Computer an de 70er Joren an der Garage vum Steve Jobs sengem Elterenhaus gebaut, no de Pläng vum Steve Wozniak ënner der Leedung vum Jobs. Wéi IBM de Potential vum Ee-Mann-Computer realiséiert huet, hu si 1981 deen éischte Personal-Computer presentéiert mat engem Betribssystem MS-DOS, deen IBM beim Bill Gates vu Microsoft fir $80.000 op Liewenszäit lizenséiert huet. Apple Computer huet net geschlof, an um Apple Macintosh geschafft, deem éischte Computer mat Maus a Fënsteren um Schierm, deen den 1. Januar 1984 presentéiert gouf.
D'Meilesteng vum modernen elektroneschen digitale Computer baséieren op 4 Etappen:
Grondsätzlech muss ee bei engem Computer tëscht zwéi Beräicher ënnerscheeden: der Hardware, déi déi physesch Komponente vum Computer duerstellt, an der Software, ënner där een d'Programméierung vum Computer versteet.
No der Beschreiwung vum John von Neumann vun 1946, déi als "Von-Neumann-Architektur" an d'Geschicht agaangen ass, definéiert een och haut nach ëmmer véier Haaptkomponente fir e Computer:
An den haitege Computere sinn d'Rechen- an d'Steiereenheet meeschtens zu engem eenzege Bausteng verschmolt, der sougenannter CPU (Central Processing Unit - "zentrale Prozesser").
Ee Computer versteet eigentlech just eng ganz limitéiert Zuel vun definéierten, einfache Befeeler. Typesch Befeeler sinn z. B. "kopéier de Contenu vun der Späicherzell 5 a setz en an d'Zell 10", "addéier de Contenu vun der Zell 7 bei de Contenu vun der Zell 13 a setz d'Resultat an d'Zell 20", "wann de Contenu vun der Zell 999 genee 0 ass, dann ass den nächste Befeel an der Zell 30".
Déi Befeeler bestinn aus Binärcoden, der sougenannter Machinnesprooch. Sou ass z. B. de Code fir eng bestëmmt Kopéieroperatioun fir Intel-Mikroprozessoren "10110000". Elo schreift awer keen e Softwareprogramm direkt an der Maschinnesprooch, mä éischter an enger Programméiersprooch, déi spéider da vun engem Compiler automatesch a Maschinnesprooch ëmgewandelt gëtt.
Fir datt net all Programméierer d'Rad erëm komplett frësch erfanne muss, setze modern Programmer dacks op aner Programmer wéi d'Betribssystem (z. B. Windows oder Linux) oder Befeelsdatebanken (z. B. dll-Dateien) op.
Commons: Computer hardware – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.